Den 9. August war d'Impfkampagne lancéiert ginn, zanterhier sinn 240.000 Impfdosisse geliwwert ginn, 70.000 sinn u Veterinäre verdeelt ginn.
D'ALVA mécht och nach emol en Appell u Leit, déi Déieren halen. Wa si mierken, datt méi Béischte wéi soss stierwen, sollen si dat direkt bei der ALVA mellen. Et gëtt dofir e Formulaire op der Internetsäit vum Landwirtschaftsministère.