Radioen

On air

Notturno  |  Maz Univerze - Last Day

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Zwou spannend Woche fir de lëtzebuerger Tennis

Sport

Zwou spannend Woche fir de lëtzebuerger Tennis

Nieft dem Australian Open zu Melbourne stinn och zu Lëtzebuerg an den nächste Woche zwee Tennistournoien un. E Sonndeg geet zu Esch en ITF-Tournoi fir d'Dammen a fir d'Hären un. Éier an zwou Wochen dann d'Lëtzebuerger Davis-Cup-Equipe an der Coque géint d'Litauen ëm den Opstig spillt.

auto_stories

2 min

headphones

10 min

Claude Lamberty | © Chris Zeien play_arrow
Foto: Chris Zeien

Beim Spill géint Litauen geet et ëm den Opstig an d‘Weltgrupp 1. Dat ass déi Grupp an där déi gréissten a beschten Natiounen dra vertruede sinn, betount de Claude Lamberty, President vun der Lëtzebuerger Tennisfederatioun. D'Virfreed op dee Match ass entspriechend grouss an d'Equipe hätt sech dat verdéngt, seet de Claude Lamberty. Deel vun der Equipe wier och de Chris Rodesch, deen et bannent puer Méint ënner déi 300 bescht Spiller gepackt huet.

Tournoi ass trotz Australian Open sënnvoll

Dobäi kënnt dann nach den ITF-Tournoi. Dat ass eng Première zu Lëtzebuerg an hätt ee laang mat der International Tennis Federation misse verhandelen, fir datt dat stattfanne kann. An der Tennis-Weltranglëscht kann ee just eropklammen, wann een Tournoie spille kann.

Deemno wier een Tournoi zu Lëtzebuerg guer net sou verkéiert, och wa parallel den Australian Open stattfënnt, deen natierlech all Starspiller:innen unzitt.

Iwwer d‘Chancë vun der Davis-Cup-Equipe wëll de Claude Lamberty sech net äusseren. Et kéint een am Sport ni am Viraus soen, wie gewënnt. D‘Lëtzebuerger Equipe hätt et sech awer allefalls verdéngt, betount de President vun der Tennisfederatioun.

Interview mam Claude Lamberty

Lauschterenplay_arrow