Radioen

On air

Concert  |  Concert

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ E mouvementéiert Joer am Sport geet op en Enn

Sportleche Réckbléck

E mouvementéiert Joer am Sport geet op en Enn

2024 war e mouvementéiert Joer fir de Lëtzebuerger Sport: D'Fussballnationalekipp, déi et bal op d'EM gepackt hätt, de Streik beim Swift Hesper, de Sträit tëschent der Sarah de Nutte an der Dëschtennisfederatioun, oder nach déi Olympesch a Paralympesch Spiller zu Paräis, fir just e puer Evenementer ze ernimmen. De Jo Welfringer huet fir eis d'Héichten an d'Déifte vum Sportjoer zesummegefaasst, ugefaange mam Fussball.

auto_stories

3 min

headphones

3 min

play_arrow

Virun allem an der éischter Hallschent vum Joer huet d’Fussballnationalekipp fir gudden an erfollegräiche Fussball gesuergt. Déi verluere Matcher an der Qualifikatioun géint d'Slowakei a géint Georgien an de Playoffen hunn dozou gefouert, datt d’Rout Léiwen et um Enn net op d’Europameeschterschaft an Däitschland gepackt hunn.

Den FLF-President Paul Philipp erënnert sech.

“Ech hunn nach ëmmer besonnesch, perséinlech, dee Match hei heem géint d’Slowakei am Kapp, dee jo nach net bedeit hätt, datt mir eis qualifizéiert hätten, mee wou mir hätten an der Hallschent am Fong geholl de Match scho missten entscheet hunn. Ech mengen, do hu mir déi grouss Chance verpasst, fir e risege Schratt a Richtung vun der Sensatioun ze maachen.”

Ups and downs am Fussball

Fir Rumouers huet de Gerson Rodrigues gesuergt. De Rekordbuteur vun de Roude Léiwe gouf am Mäerz um Stater Geriicht an éischter Instanz zu 18 Méint Prison mat Sursis verurteelt, ënner anerem, well hie seng Ex-Frëndin soll geschloen hunn.

Zur Rou ass de Fussball och um Enn vum Joer net komm: D’Spiller vum Swift Hesper hunn nämlech, wat et bis dato nach ni gouf, am Championnatsmatch géint Munneref gestreikt, well si hir Pai net kruten. De Match drop géint Nidderkuer si si awer nees ugetrueden.

Causa de Nutte

Och am Dëschtennis war et alles anescht wéi roueg dëst Joer. D’Sarah de Nutte wollt bei den Olympesche Spiller zu Paräis hiren eegenen Trainer un hirer Säit hunn, wat d’Federatioun hir awer net erlaabt huet. Hire Simpel goung verluer, an déi 32 Joer al Dëschtennisspillerin huet sech nom Match enttäuscht gewisen iwwert d’Federatioun.

"Ech verstinn net, wisou meng Federatioun et net erlaabt, datt de Peter mech coachen dierf an deem Match. Bei där wichtegster Competitioun iwwerhaapt."

Déi Ausso huet zu Meenungsverschiddenheeten tëschent der FLTT an der Sportlerin gesuergt. D’Federatioun huet der Olympionickin souguer een ëffentleche Blâme ausgeschwat.

D’Sarah de Nutte huet decidéiert, net dogéint an Appell ze goen. Ënnerstëtzung krut si a Form vun engem oppene Bréif vu 35 Sportler an Ex-Sportler, an deem der FLTT Kritikonfäegkeet virgeworf gouf.

Och wann Olympia am Dëschtennis vun der Affär de Nutte iwwerlagert gouf, sou huet een anere Lëtzebuerger et awer ganz wäit gepackt: Den Arbitter Pol Pierret duerft nämlech d’Ekippefinall China géint Schweden arbitréieren.

Eng Medail zu Paräis

A wa mir scho bei Olympia sinn: Ervirzehiewe sinn d’Leeschtunge vun der Sprinterin Patrizia van der Weken, déi et iwwert d’100 Meter bis an d’Halleffinall gepackt huet; vun der Dëschtennisspillerin Ni Xia Lin, déi mat hiren 61 Joer nach eng Kéier en Tour am Simpel weiderkomm ass; vun der Cyclistin Christine Majerus bei der Stroossecourse a vum Dressurreider Nicolas Wagner-Ehlinger.

De gréisste Succès geet awer op de Kont vum Tom Habscheid: Den 38 Joer ale Para-Athlet huet bei de Paralamypics zu Paräis d’Bronzemedail am Bommstousse gewonnen. Hien hat d’Kugel 14,97 Meter wäit gestouss, wat hien um Enn op den Träpplek bruecht huet.

Top Resultater vun der Marie Schreiber

Am Cyclissem huet d’Marie Schreiber fir den Highlight vum Joer gesuergt: Am Eenzelzäitfuere vun den Dammen ënner 23 Joer huet déi 21 Joer al Cyclistin och Bronze gewonnen. Hier Leeschtung vun dësem Joer huet d'Marie Schreiber dunn am Dezember nach gekréint, wou se fir déi éischte Kéier eng Course bei engem Cyclocross-Weltcup gewonnen huet.

An da gouf et awer och zwee Doppingfäll: Den Triathlet Bob Haller an d’Sprangreiderin Charlotte Bettendorf goufe wéinst Verstéiss géint den Antidopping-Kodex vun der Lëtzebuerger Anti-Dopping-Agence gespaart.

2025 sti ënner anerem d’Liichtathletik-Halen-WM am Mäerz a China um Programm a fir d’Fussballnationalekipp an der WM-Qualifikatioun Matcher géint Däitschland oder Italien.

Lauschterenplay_arrow