Radioen

On air

Trendscheif  |  Arab Strap - Allatonceness

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Zweeten Intervenant an de Spillschoule: Nach gëtt et kee konkreten Zäitplang, esou de Minister Meisch

Educatioun

Zweeten Intervenant an de Spillschoule: Nach gëtt et kee konkreten Zäitplang, esou de Minister Meisch

Fir déi am Regierungsprogramm ugekënnegt Aféierung vun engem zweeten Intervenant an de Spillschoule gëtt et nach kee konkreten Zäitplang. Dat geet aus der Äntwert vum Minister Claude Meisch an der Chamber ervir, op eng Fro vun der LSAP-Deputéierter Francine Closener.

auto_stories

1 min

headphones

1 min

Educateur Educatrice Schoul Joffer | © CDC/Unsplash play_arrow
Foto: CDC/Unsplash

Am Ministère géif fir d’éischt ee Konzept ausgeschafft ginn, huet de Claude Meisch preziséiert. Hien huet dorun erënnert, datt et am Cycle 1 iwwer 800 Klasse ginn, sou datt wéinst dem zousätzleche Personalbedarf, net vun haut op muer kéint decidéiert ginn, eng zweet Persoun fir all Klass ze rekrutéieren.

"Jo, et ass een ambitiéise Punkt. Et ass eng Prioritéit an eisem Regierungsprogramm. Mee eis Regierungsperiod huet nach e puer Joer. An ech sinn optimistesch, datt mir an deene Joren och wäerten ëmsetzen."

Lauschterenplay_arrow

Den CSV-DP-Programm gesäit vir, datt d’Konzept vun engem zweeten Intervenant an de Spillschoulen entwéckelt a schrëttweis soll ëmgesat ginn, fir eng besser Differenzéierung am Unterrecht ze erméiglechen an de Kanner déi “beschte Startchancen” ze ginn.