De Parteichef war ausgeschloss ginn, well hien eng Walallianz mat de Rietsextremiste vum Rassemblement national wollt agoen. Les Républicains preparéieren iwwerdeems weider hir Walcampagne. Eng 200 Kandidaten a Kandidatinne goufe schonn nominéiert. Och all 59 aktuell Deportéiert wëllen net mam RN zesumme schaffen.
Op Säite vum RN huet de Präsident Jordan Bardella iwwerdeems eng 70 gemeinsam Kandidate mat Les Républicains opgestallt.