arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Zwee däitsch Ministeren an Amerika - Grönland dierft ee Sujet sinn

Däitschland - USA

|
headphones

2 min

Zwee däitsch Ministeren an Amerika - Grönland dierft ee Sujet sinn

No den Evenementer a Venezuela an den Aussoe vum US-President Donald Trump zu Grönland, ass och d'Verhältnis tëschent Washington a Berlin ugespaant. Um Ufank vun dëser Woch reesen direkt zwee däitsch Ministeren an d'USA, fir mat hiren Amtskolleegen ze schwätzen.

headphones

2 min

© picture alliance/dpa | Soeren Stache
(Foto: picture alliance/dpa | Soeren Stache)

Däitschland an d’USA kucken op eng joerzéngtelaang enk Relatioun zeréck - mee déi steet dëser Deeg ferm ënner Drock. Och dowéinst sinn de Johann Wadephul, den däitschen Ausseminister, an de Bundesfinanzminister Lars Klingbeil dëser Deeg an den USA. Hiren Optrag: d’Relatioune mat den USA nees riichtbéien a gläichzäiteg besonnesch an der Grönland-Fro eng kloer rout Linn zeien.

Am Virfeld vu senger Reess sot den Johann Wadephul vun der CDU:

“Da Dänemark der NATO angehört, wird auch Grönland prinzipiell von der NATO zu verteidegen sein. Und wenn es dort weidere Erfordernisse gibt, die Verteidigungsanstrengungen bezüglich Grönlands zu verstärken, dann werden wir das im Rahmen der Allianz miteinander zu besprechen haben.”

De Finanzminister Lars Klingbeil ass zu Washington bei engem Treffe vun enger Rei Finanzministeren dobäi. Do soll et ëm wäertvoll Buedemressourcë goen. An dobäi dierft wuel och Grönland zur Sprooch kommen.
Fir béid däitsch Ministere ginn et an der amerikanescher Haaptstad wuel keng einfach Gespréicher. Däitschland an d’EU wëlle weider d’Ënnerstëtzung vun den USA am Ukrainkrich. Gläichzäiteg musse se a Punkto Grönland Grenzen opweisen. A si reese mat enger klorer Positioun vum däitsche Kanzler Merz an d’USA.

“Wir dürfen nicht dabei zusehen, wie die Welt neu geordnet wird. Wir sind kein Spielball von Grossmächten.”

Dat gesinn den Donald Trump - an d’Gespréichspartner vun den däitsche Ministeren - méiglecherweis e bëssen anescht.

Den däitschen Ausseminister Johann Wadephul soll de Mëtteg zu Washington den US-Ausseminister Marco Rubio gesinn.