D‘Befroe vum Bill Clinton wier Zitat zimmlech produktiv gewiescht, esou de Comité. D‘Unhéierung war net ëffentlech, ma d‘Republikaner wéilten esou séier wéi méiglech Videomaterial dovu publizéieren.
De Bill Clinton sot, hien hätt de Sexualverbriecher Jeffrey Epstein „nëmmen“ kuerz kannt an hätt näischt vu senger Verbrieche gewosst. Zu enger Foto op där de Bill Clinton mat enger Fra an engem Whirlpool ze gesinn ass, sot hien hie géif d‘Fra net kennen an hätt kee Sex mat hir gehat.
Donald Trump ënner Drock?
Bekannt wier, datt de Jeffrey Epstein wärend der Clinton-Presidentschaft 17 Mol am Wäissen Haus war an, datt den Ex-President op d‘mannst 27 Mol mam Fliger vum Jeffrey Epstein geflu wier.
Datt de Bill Clinton, a soumat en Ex-President, zougestëmmt hätt ënner Eed auszesoen, kéint e Präzedenzfall schafen, deen den Donald Trump ënner Drock setzt selwer auszesoen. Bis ewell huet hien dat refuséiert mat der Begrënnung, e President oder Ex-President wier nach ni zu enger Ausso virum Kongress gezwonge ginn.