Een algeresche Mann, dee wéinst sexuellen Delikter verurteelt ass, wär d‘lescht Woch de 29. Oktober iertemlecherweis aus dem Prisong vu Wandsworth fräikomm. E puer Deeg duerno, ugangs dëser Woch, gouf e Britt entlooss, dee wéinst Bedruch am Prisong war. D‘Police sicht elo weider no deenen zwee.
De brittesche Justizminister David Lammy ass mat ëmmer méi Kritik konfrontéiert. Eréischt virun e puer Woche war e Migrant, dee wéinst sexuellen Delikter verurteelt war, och iertemlecherweis aus engem Prisong entlooss ginn. De Justizminister hat duerno verstäerkte Kontrolle versprach, fir datt dat net méi virkomme kann.
De President vun der brittescher Associatioun vun de Giischtercher sot der BBC, all Mount géifen am Duerchschnëtt 22 Prisonéier iertemlecherweis fräigelooss ginn an de System wier amgaange komplett zesummen ze briechen.