arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Zwee Nationalgardiste sinn zu Washington DC liewensgeféierlech ugeschoss ginn

USA

|
headphones

1 min

Zwee Nationalgardiste sinn zu Washington DC liewensgeféierlech ugeschoss ginn

Den Donald Trump schwätzt vun engem Terrorakt: Dat nodeems gëschter um Mëttwoch zu Washington DC an der Géigend vum Wäissen Haus op 2 Nationalgardiste geschoss gouf.

headphones

1 min

©  EPA/WILL OLIVER
(Foto: EPA/WILL OLIVER)

An éischte Meldungen hat et geheescht, si wieren ëm d‘Liewe komm. Dat ass awer esou net richteg. Si si liewensgeféierlech blesséiert ginn.

Den amerikaneschen Heemechtsschutzministère huet matgedeelt, datt de Verdächtegen en afghanesche Staatsbierger wier.

Den Donald Trump huet annoncéiert, d‘Ausweisungsgesetzer fir Migrante wëllen ze iwwerpréiwen.