Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Zwee Fugitive konnten am Ausland festgeholl ginn

Zesumme mtat Däitschland

Zwee Fugitive konnten am Ausland festgeholl ginn

 Zwee Fugitiven déi wéinst schwéier Eegentums-Kriminalitéit hei am Land verurteelt goufen, konnten a verschiddene Länner an Ost-Europa an a Südost-Europa festgeholl ginn. Dat mat Hëllef vun der Lëtzebuerger Cellule Fast Luxembourg an den däitsche Kolleegen.

auto_stories

1 min

Police | © Frank Hoermann / SVEN SIMON

Dat huet déi Lëtzebuerger Police haut matgedeelt. Béid Verdächteger wieren u Lëtzebuerg ausgeliwwert ginn, a si wieren dem Untersuchungsriichter virgefouert ginn.

Wéi de Parquet matdeelt wier ee Verdächtegen e Lëtzebuerger vun 43 Joer deen den 28te September 2022 zu 4 Joer Prisong an 3.000€ strof verurteelt gi war, wéinst ënnert anerem Bedruch. Deen zweete wier ee Serb vu 40 Joer deen zënter 2015 wéinst engem Homicide Versuch gesicht gëtt.