Radioen

On air

Moiesstudio  |  Moiespanorama

play_arrow Live
search

/ Chamber mellt dem Parquet zwee Fäll wéinst Problemer bei der Parteiefinanzéierung

Chamber

Chamber mellt dem Parquet zwee Fäll wéinst Problemer bei der Parteiefinanzéierung

Wéinst Problemer bei der Parteiefinanzéierung am Joer 2023 wäerten déi zoustänneg Chamberkommissiounen dem Parquet zwee Fäll mellen. Dat kënnegt de President vun der Budgetskontrollkommissioun Franz Fayot am 100,7-Interview un.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: Chambre des Députés

D’Cour des Comptes huet hiren neie Rapport iwwert d’Finanzéierung vun de politesche Parteien de Moien an der Chamber presentéiert.

Onreegelméissegkeeten huet den nationale Rechnungshaff ënner anerem bei der Piratepartei festgestallt, am Kontext vu Leasing-Verträg fir zwee Autoen. Problematesch dobäi wier, dem LSAP-Deputéierte Franz Fayot no, datt ee vun deenen Autoe vun enger Mandataire och fir privat Zwecker benotzt gi wier.

"A wou een net esou richteg de Rapport gesäit mam Objet vun der Parteifinanzéierung."

Piratepartei: Leasingsauto fir private Gebrauch benotzt

Dowéinst géif sech d’Fro stellen, ob ëffentlech Sue fir d’Piratepartei eventuell fir privat Zwecker benotzt gi wieren, esou de President vun der Budgetskontrollkommissioun.

Reporter.lu hat am November geschriwwen, datt den deemolege Parteicoordinateur Marc Goergen 2023 fir d’Gemengeconseillère Morgan Engel ee Leasingsvertrag fir een Auto ofgeschloss hat.

D’Deputéierten hunn haut decidéiert, datt dëse Fall, bei deem et ëm de Leasing vun engem VW Polo GTI geet, un de Parquet soll viru gereecht ginn. Dee soll préiwen, ob eng Infraktioun virläit.

ADR: Kee vun de 60 Kandidaten huet eng déclaration sur l'honneur ënnerschriwwen oder agereecht

Donieft schreift d’Cour des Comptes an hirem Rapport, datt eng Rei Kandidate bei de Chamberwalen 2023 keng Déclaration sur l’honneur ënnerschriwwen, respektiv ofginn hunn.

Déi gesi vir, datt all Kandidat a Kandidatin op d‘Éier deklaréiere mussen, keng Done kritt ze hunn, weder cash, nach en nature, déi iwwer 250 Euro sinn, erkläert de Franz Fayot.

Vun de 60 ADR-Kandidaten a Kandidatinnen zum Beispill huet keen eenzegen esou eng Déclaration sur l’honneur ofginn, schreift de Rechnungshaff a sengem neie Rapport. Dat wier problematesch, well et eng Dispositioun wier, déi strofrechtlech verfollegt kéint ginn, gëtt den LSAP-Deputéierten ze verstoen.

Och dëse Fall soll un de Parquet weider gereecht ginn. play_arrow

Lauschterenplay_arrow