D‘Police hat gemellt kritt, datt et um Kierchbierg zu Handgräiflechkeeten tëschent engem Mann, senger Partnerin a sengem Jong koum. De Mann ass op Uerder vum Parquet festgeholl ginn a koum virun den Untersuchungsriichter.
Dee selwechten Owend gouf och e Fall vun haislecher Gewalt zu Déifferdeng gemellt. Do hat e Mann seng Partnerin geschloen. Och do gouf de Mann festgeholl.