arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Zwee Fäll vu Schwéngspescht a Spuenien nogewisen

éischt Fäll zënter 1994

|
reading time

1 min

Zwee Fäll vu Schwéngspescht a Spuenien nogewisen

Ronn 100 spuenesch Zaldote sinn ënnerwee a Richtung Katalounie fir den Ausbroch vun der Schwéngspescht an der Géigend vu Barcelona sou wäit et geet anzedämmen. Op der Plaz kämpfen déi katalanesch Autoritéite géint d‘Ausbreede vum Virus.

reading time

1 min

An engem Bësch goufen zwee doudeg Wëllschwäi fonnt, déi mam Virus infizéiert waren. Et sinn déi éischt Fäll vu Schwéngspescht a Spuenien zënter 1994. De betraffene Bësch ass komplett ofgespaart an ee Gesondheetsalarm gouf ausgeruff.

Déi spuenesch Schwéngsbauere weisen sech besuergt iwwer den Ausbroch vun der Schwéngspescht.