Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Khruangbin - Hold Me Up (Thank You)

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Zukünfteg Assemblée nationale: Och d'Fransousen zu Lëtzebuerg wäerte representéiert ginn

Franséich Parlamentswalen

Zukünfteg Assemblée nationale: Och d'Fransousen zu Lëtzebuerg wäerte representéiert ginn

Iwwermuer um Sonndeg ass den éischten Tour vun de franséische Parlamentswalen. D’Fransousen zu Lëtzebuerg kënnen och Vertrieder wielen. D'Ana Angel huet nogefrot, wéi si dës Wal gesinn a wat si fir d’Fransousen zu Lëtzebuerg wëlle maachen.

auto_stories

4 min

headphones

3 min

Lëtzebuerg Frankräich Fändel | © picture alliance / Goldmann | Goldmann play_arrow
Foto: picture alliance / Goldmann | Goldmann

No der Waldefaite bei den Europawalen huet de President Emmanuel Macron d'Assemblée nationale opgeléist. Dofir si bei eisen Noperen elo Neiwalen.

D’Fransousen a Franséisinnen zu Lëtzebuerg kënnen och wielen: Si designéieren zesumme mat deenen aus Holland an der Belsch e Vertrieder oder eng Vertriederin fir an d’Assemblée nationale. Déi grouss Lëschten trieden och am Ausland un. 

Renaissance: Administrativ Problemer léisen

De Pieyre-Alexandre Anglade seet sech optimistesch, datt hie ka franséischen Deputéierte bleiwen. De Vertrieder vun der Regierungspartei Renaissance hat sech bei de leschte Wale virun zwee Joer am Benelux-Raum duerchgesat. Hie mengt, d’Fransousen a Franséisinnen hei am Land wéilten eng pro-europäesch Partei un der Muecht. An hie warnt virum rietsextreme Rassemblement National an deem méi radikal lénke Parteiebündnis Nouveau Front Populaire.

Effektiv wielen d’Fransousen hei am Land manner riets wéi hir Landsleit aus Frankräich. Wat wëll de Pieyre-Alexandre Anglade maachen, wann hien e weidert Mandat zu Paräis am Parlament kritt? 

"Développer ce que l’on appelle France consulaire ce qui est un service qui permet à nos concitoyens qui sont établis à l’étranger, d’appeler un numéro qui les mets directement en lien avec une administration française pour essayer de régler leur problème administratif."

Les Républicains: Méi een einfachen Accès op Kreditter

Eng zimmlech änlech Positioun huet och d’Geneviève Machicote vun der konservativer Partei Les Républicains. Si war virun zwee Joer an de Benelux-Länner mat knapp 6 Prozent vun de Stëmmen déi Drëtt ginn. Wa si géif an d’Parlament gewielt ginn, da wéilt si den Accès op Kreditter fir franséisch Staatsbierger:innen an de Benelux-Länner vereinfachen.

"Lorsqu’on est Français de l’étranger et que l’on veut acheter un appartement ou une maison en France, on peut avoir des difficultés à obtenir un crédit, et également pour les entreprises qui sont situées au Benelux les aider à partir du moment où elles importent des produits de France."

Grad an Zäite wou Extremismus géif opkommen wier eng pragmatesch Politik néideg, esou d’Genevieve Machicote.

Mee d’Républicains maache schwiereg Zäiten duerch: “Rien ne va plus chez les Républicains” huet et gëscht bei de Kolleege vu France Info geheescht – dat, well de fréiere President vu Les Républicains, den Eric Ciotti sech fir e gemeinsaamt Bündnis mam rietsextreme Rassemblement Nationale ausgeschwat hat.

RN: Manner staark wéi a Frankräich

Den RN par contre läit an den Ëmfroen a Frankräich mat ronn engem Drëttel vun de Walintentiounen un éischter Plaz. Déi rietsextrem Partei huet eng Kandidatin am Benelux-Raum, d’Charlotte Beaufils. Hiere Vertrieder Frederic Cerdobbel fuerdert eng ganz konkret Mesure.

"Plus de services publics pour les Français à l’étranger un peu plus proche du consulat français qui est à Bruxelles. Donc on a beaucoup de mal parce que les bureaux consulaires ferment en Belgique comme dans le Benelux. Et les Français qui habitent à l’étranger ils ont beaucoup de mal à refaire leur pièce d’identité."

De Rassemblement National huet – am Verglach zu ganz Frankräich – wéineg Succès bei de Fransousen a Franséisinnen am Benelux-Raum. Bei de legislative Walen 2022 ware si op déi 7. Plaz komm, mat 3 Prozent vun de Stëmmen.

Lénkst Bündnis gesäit Lëtzebuerg als Virbild

Méi Succès bei de leschte Walen hat d'Cécilia Godard, déi dës Kéier fir d'Bündnis NFP kandidéiert. An de Sondagen uechter Frankräich komme si op Plaz zwee vun de Walintentiounen.

Si sot um Donneschdeg als eis Invitée vum Dag, hir wier et wichteg, datt a Frankräich déi Saachen ëmgesat ginn, déi zu Lëtzebuerg scho Realitéit sinn, wéi zum Beispill méi Gläichstellung tëscht de Geschlechter oder nach d’Indexatioun vum Salaire.

Lauschterenplay_arrow