Radioen

On air

Mëttesrascht  |  MonoNeon - Invisible

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Vill Wuesstem a grouss Erausfuerderungen: De Kierchbierg vun der Zukunft hëlt Form un

Joresrapport vum Fonds de Kirchberg

Vill Wuesstem a grouss Erausfuerderungen: De Kierchbierg vun der Zukunft hëlt Form un

Déi grouss Erausfuerderung ass déi, der Demande u Wunnengen nozekommen. Dat schreift de Fonds Kirchberg a sengem Joresrapport 2023. De Fong baut dofir op sengen Terrainen elo an an Zukunft eng 7.000 Wunnengen.

auto_stories

3 min

headphones

3 min

Fonds de Kirchberg | © Eric Ewald play_arrow
Foto: Eric Ewald

Fir den Direkter vum Fong ass d’Prioritéit ënner anerem déi, abordabele Wunnraum ze schafen. Woubäi de Begrëff abordabel um Kierchbierg eng e bëssen aner Nues huet wéi soss am Land.

Viséiert gëtt d'Mëttelschicht

De Fong hätt 2014 e Plang fir Logement abordable geschaf. Dem Marc Widong no war dee geduecht fir Leit, déi ze vill verdéngen, fir e Logement à coût modéré ze kréien, awer ze mann, fir um fräie Maart eppes ze kafen. Viséiert waren d’Leit dotëscht.

“Den Ënnerscheed besteet haaptsächlech doran, datt eisen Abordabel keng Limite de revenu kennt. Dat heescht mir viséieren dann d’Mëttelschicht. Déi kann also bei eis zu abordabele Käschte kafen. Mir hunn awer aner Konditiounen, wéi zum Beispill datt ee soll um oder ronderëm de Kierchbierg da schaffen, fir d’Mobilitéitsproblemer do net opkommen ze loossen.”

De Fong geréiert de Moment eng ganz Rei Projeten, déi a verschiddene Stadiume sinn. Hei sief nëmmen de gréisste Projet Kuebebierg ernimmt, mat iwwer 3.000 Wunnengen.

"Wou mir elo amgaange sinn, de PAP auszeschaffen, a wou mir dann 2027 wäerten ufänken, d’Stroossen ze bauen, mat de Reseauen. 2027, 2028 an 2029 wäerten déi éischt Wunnengen do gebaut ginn.”

Bis 2042: Ee Populatiounszouwuess vu bal 450 Prozent

All d’Projeten zesummen hunn eng grouss Inzidenz op d’Populatioun um Kierchbierg. De Projektiounen no geet déi nämlech vu 6.200 Awunner zejoert op 33.900 am Joer 2042 erop. E Plus vu bal 450 Prozent.

Donieft klëmmt d’Zuel vun de Leit, déi um Kierchbierg schaffen, am selwechten Zäitraum vu 44.400 op 69.900. Dat ass e Plus vu bal 60 Prozent.

Kann de Kierchbierg dann an 18 Joer nach e liewenswäerte Quartier sinn? Fir de Fong-Direkter ass et wichteg, qualitative Wunnraum ze schafen, an et géif all Aspekt dofir gekuckt ginn. Hie géif hoffen, datt d’Leit 2042 der Meenung wieren, de Fong hätt seng Aarbecht gutt gemaach. “Dat wier mäi Wonsch, op jiddwer Fall.", esou de Marc Widong.

"De Verkéier ass ee Schwaachpunkt"

Eleng bis 2030 ginn um Kierchbierg eng 510 Milliounen Euro investéiert. Dat ënner anerem an de Bau vu Stroossen an an de Chauffage urbain.

De Fong këmmert sech donieft nach ëm de Quartier Midfield tëscht der Cloche d’Or an dem Houwald. Virun zwee Joer hätt een den Optrag fir d’Entwécklung dovu kritt, sou een houfrege Marc Widong.

 

“De Verkéier ass effektiv e Schwaachpunkt vum Kierchbierg”, seet de Marc Widong awer och. Et géifen zwou Haaptentréeë gi fir op de Kierchbierg: D’Rout Bréck an de Rond-point Serra. Dem Marc Widong no gëtt et awer Léisunge fir de Problem vum Trafic.

"Déi eng Léisung ass den Tram, wou mir ganz frou si mat där éischter Tramslinn, déi eis extrem de Stroossereseau entlaascht, respektiv déi zukünfteg Besoinen u Mobilitéit gréisstendeels duerch den Tram wäerten opgefaange ginn."

Um Kierchbierg kéint een awer och vill mam Vëlo oder zu Fouss maachen, well de Plateau flaach ass. 

Lauschterenplay_arrow