arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Zuel vu Grippeninfektioune geet erof

Santé

|
headphones

1 min

Zuel vu Grippeninfektioune geet erof

D‘lescht Woch hu sech 544 Leit ugestach, wat enger Baisse vu 15 Prozent par rapport zu der Woch virdrun entsprécht – dat geet aus dem neitste Bilan vun den offiziellen Infektiounszuelen ervir.

headphones

1 min

© Adobe Stock
(Foto: Adobe Stock)

Dat géif virun allem un der Schoulvakanz leien, esou d’Santé. Déi allgemeng Zirkulatioun vum Grippevirus bléift erhéicht.

Och bei den Infektioune mam RSV Virus gëtt et eng Baisse. D‘Santé mellt hei 48 Prozent manner confirméiert Fäll, d‘lescht Woch waren et där nach 149.

An och d‘Covid-Infektioune sinn zeréck gaangen, mat 70 confirméierte Fäll an enger Baisse vu 24 Prozent par rapport zu der Woch virdrun.