D’Streck tëscht Paräis an dem Norde vu Frankräich ass nach net komplett operationell. 70 Prozent vun den TGVen zirkuléiere mat Retarde vu bis zu zwou Stonnen.
D’Fléckaarbechten op der Atlantikstreck a Richtung Bretagne, Bordeaux Westen a Südweste ginn awer séier virun, an de Mëtteg kéinte bis zu 90 Prozent vun den TGVe fueren.
Nach ass net gewosst wien hannert de Sabotageakte stécht.