Radioen

On air

Tockcity  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nei Etüd: Luxair zielt zu de klimaschiedlechste Fluggesellschaften op der Welt

Aviatioun

Nei Etüd: Luxair zielt zu de klimaschiedlechste Fluggesellschaften op der Welt

D‘Luxair ass eng vun de klimaschiedlechste Fluchgesellschafte weltwäit. Enger internationaler Etüd no kënnt déi Lëtzebuerger Fluchgesellschaft just op déi 104. vun am ganzen 119 Positiounen.

auto_stories

1 min

Luxair | © picture alliance / NurPhoto | Nicolas Economou
Foto: picture alliance / NurPhoto | Nicolas Economou

Et handelt sech ëm eng Etüd, déi vun der Organisatioun Atmosfair mat Sëtz zu Berlin duerchgefouert gouf. Gemooss goufen CO2-Emissiounen am Verglach zum Gewiicht an zur Distanz, déi geflu gëtt, souwéi d‘Effizienz an d‘Auslaaschtung. Fir datt Gesellschafte mat kuerze Strecken net benodeelegt ginn, gouf e spezielle Facteur mat berechent.

De Link zum Ranking

Generell verpasst de Secteur vun der Aviatioun d‘Klimaziler, déi ee sech selwer gesat hat. 2023 huet sech d‘CO2-Effizienz par rapport zu 2019 nëmme liicht verbessert.

Verbesserunge kënnen deemno nëmmen duerch nohalteg Brennstoffer oder awer modern Turbinnen erreecht ginn.

De De Wolfdietrich Peiker, Spriecher vun Atmosfair, gëtt am 100,7-Intervie Erkläerungen, firwat dat esou ass:

Lauschterenplay_arrow