arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Presuméiert Amokfaart mat zwee Doudegen zu Leipzig: De Chauffeur gouf festgeholl

Däitschland

|
reading time

1 min

Presuméiert Amokfaart mat zwee Doudegen zu Leipzig: De Chauffeur gouf festgeholl

Zu Leipzig ass gëschter Owend e Mann mat engem Auto an d‘Leit an enger Foussgängerzone gerannt. Dobäi koumen zwou Persounen ëm d‘Liewen – eng Fra vun 63 Joer an ee Mann vu 77 Joer.

reading time

1 min

© EPA/FILIP SINGER
(Foto: EPA/FILIP SINGER)

Op d‘mannst dräi weider Persoune gouf schwéier blesséiert.

D‘Enquêteure gi vun enger Amokfaart aus.

Presuméierten Täter: Mann vun 33 Joer

De Chauffeur vum Auto gouf festgeholl. Der Police no, handelt et sech ëm en däitsche Mann vun 33 Joer, deen an der Regioun wunnt.

Dem däitsche Sender MDR no, wier de Mann viru kuerzem aus enger Psychiatrie entlooss ginn.

Dem sächseschen Inneminister Armin Schuster no, géif et sech mat grousser Warscheinlechkeet ëm en Eenzeltäter handelen.

De Parquet enquêtéiert wéinst Verdacht op Mord an zwee Fäll a versichtem Mord.