arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 35 Joer-SPD Regierung a Rheinland-Pfalz geet op en Enn – Koalitiounsaccord steet

CDU an SPD

|
reading time

1 min

35 Joer-SPD Regierung a Rheinland-Pfalz geet op en Enn – Koalitiounsaccord steet

Manner ewéi 6 Wochen no de Landtagswalen a Rheinland Pfalz steet d‘Koalitioun CDU/SPD. Den designéierten CDU-Ministerpresident Gordon Schnieder an den nach SPD-Ministerpresident Alexander Schwietzer hunn hire Koalitiounsaccord virgestallt: „Gemeinsame Verantwortung für ein starkes Rheinland-Pfalz“.

reading time

1 min

Lénks: Gordon Schnieder (CDU), riets: Alexander Schweitzer (SPD) | © picture alliance/dpa | Boris Roessler
Lénks: Gordon Schnieder (CDU), riets: Alexander Schweitzer (SPD) (Foto: picture alliance/dpa | Boris Roessler)

Si wéilten eng fiabel a stabil Regierung forméieren, esou de Message. Wien déi zukünfteg Ministeren a Ministerinne sinn, gouf nach net bekannt ginn.

De Koalitiounsaccord muss elo nach vun den zwou Parteien de Feu vert kréien, dat soll elo de Weekend op hire Parteideeg decidéiert ginn.

De Gordon Schnieder soll den 18. Mee als neie Ministerpresident gewielt ginn. Da gi 35 Joer SPD-geféiert Regierungen a Rheinland-Pfalz op en Enn.