arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Zoustand vun de Bëscher hei am Land verschlechtert sech weider

Natur

|
headphones

1 min

Zoustand vun de Bëscher hei am Land verschlechtert sech weider

De Gesondheetszoustand vun de Lëtzebuerger Bëscher hätt sech an de leschte 5 Joer weider verschlechtert. Dat äntwert den CSV-Ëmweltminister Serge Wilmes op eng parlamentaresch Fro vun der DP. Dat géif sech virun allem duerch deen héijen Deel vu staark beschiedegte Beem weisen

headphones

1 min

Besonnesch betraff wieren d'Nole-Bëscher, d'Eechen an d'Buchen. Den Undeel vun ofgestuerwene Buchen hätt sech an de leschte 5 Joer verduebelt, heescht et an der Äntwert op d'parlamentaresch Fro.

4 vu 5 Beem weise Schied op 

Och wann et zejoert eng liicht Verbesserung beim Gesondheetszoustand vun de Beem ginn hätt, géifen ëmmer nach 4 vu 5 Beem Schied opweisen. Dat géif un de Drécheperiode vun de leschte Jore leien, esou de Serge Wilmes. Den Ëmweltminister weist sech och net optimistesch fir d'Zukunft. Duerch de Klimawandel géifen Drécheperioden an héich Temperaturen ëmmer méi heefeg ginn an dat géif weider zu Krankheete bei de Beem féieren.

Nole-Bëscher vum Borkenkäfer zerstéiert

An de Summeren 2018 bis 2020 wiere vill Nole-Bëscher vum Borkenkäfer zerstéiert ginn. De Ministère hätt keng Zuelen doriwwer, wéi vill vun deem befallene Fiichten-Holz nach an der Holzindustrie hätt kéinte verschafft ginn.

Aus dem Schreiwes geet ervir, datt zejoert knapp 1,5 Millioun Euro u Subsiden ausbezuelt goufen, fir nees Beem an de betraffene Bëscher ze planzen.