Vun där Säit besteet also fir dës Saison kee Risiko méi, sou d’Caroline Merten. Elo misst gekuckt ginn, wat vun der charge virale an eisen heemesche Villercher iwwereg bliwwe wier.
"Mir mussen d'Waasservigel elo haaptsächlech hei am Land am Ae behalen, an dee Moment och, ob do kann nach ee Risiko fir aner Mamendéieren an eise Wëlldéiere sinn."
Den Haaptrisiko kéim virop vum Hausgefligel an de Bauerebetriber. Fir déi gëllen nach ëmmer déi selwecht Sécherheetsmesuren, betount d‘Caroline Merten. D‘Restriktioune kéinte réischt opgehuewe ginn, wann et zwou Woche laang kee positive Fall gouf.