D‘Zadie Smith hëlt sech Zäit, wa si iwwer een Theema nodenkt. Hier Argumenter si präzis an éierlech. Déi brittesch Schrëftstellerin ass mat hirer jamaikanescher Mamm an hirem englesche Papp am Nordweste vu London opgewuess, a lieft elo zu New York.
Si ass ganz kloer sozialdemokratesch agestallt, mee si schreift mat engem erfrëschende Versteesdemech, dee scho bal guer net méi an de polariséierten Discours vun haut passt.
Politesch Analysen
Si hannerfreet den Terme “cultural appropriation”, ee Virworf, dee Schrëftsteller:inenn heiansdo gemaach kréien, wa si aus engem Point de vue schreiwen deen net hir eegen Identitéit reflektéiert. Och fënnt si, datt grouss Autorinnen an Auteuren trotz hire verwerfleche Meenunge studéiert solle ginn. Hei nennt se d‘Virginia Woolf an hir rassisteschen Tendenzen, esou wei de Geoffrey Chaucer, deem Fraefeindlechkeet virgeworf gëtt.
Fir Jonker déi mam Internet opgewuess sinn, wieren dës verwerflech Eegenschaften dacks direkt Grond fir eng Disqualifikatioun, schreift d‘Zadie Smith.
An hirer neier Sammlung schreift si Noriff fir Schrëftsteller:innen, déi si bewonnert huet an analyséiert Konschtwierker a Filmer. An hirem Essay iwwert dem Todd Field säi Film “Tar”, an deem d‘Cate Blanchette an der Haaptroll eng kontrovers Dirigentin spillt, analyséiert si ënnert anerem d‘Klufft, déi tëschent Generatiounen opkënnt.
Hir politesch Analyse sinn allerdéngs den Highlight vum Buch. Sou zum Beispill den Essay “The Dream of the Raised Hand”, dee si d‘lescht Joer um Dag vun den amerikanesche Wale geschriwwen huet.
Et geet ëm d‘Buch “Das Dritte Reich des Traums” vun der däitsch-amerikanescher Schrëftstellerin Charlotte Beratd. Si beschreift Albdreem, déi d‘Leit an Däitschland haten, nodeems den Hitler un d‘Muecht komm ass.
Digital verännert Welt
Et si surreal Dreem vun Angscht an Trauer, an deenen dacks Elementer vun Nazi Propaganda virkommen. D‘Zadie Smith gesäit an deenen Dreem Parallellen zur haiteger Zäit. Si seet, datt haut Instrumenter vu Propaganda nach vill méi staark sinn, wei d‘geschriwwe Press an de Radio: An zwar ass dat den Algorithmus, deen eis digitaalt Liewen dirigéiert.
D‘Schrëftstellerin, déi selwer kee Smartphone benotzt, seet datt jiddereen ufälleg wier, egal op riets oder lenks. An engem Interview mam New Yorker geet si méi an den Detail.
“Something that is colonizing your attention, manipulating the way it's directed, is not neutral. And when people talk about radicalization on the Internet, they like to talk about, you know, radicalized to the right and radicalized to the left. As far as I'm concerned, if you now find it normal for your child, for example, to look at a screen for up to 6 hours a day, you have been radicalized.”
Si beklot e puer mol am Buch, datt sech d‘Gesellschaft zënter dem iPhone immens verännert hätt. Datt Leit net méi an der nämmlechter Realitéit liewen, och wa si am nämmlechte Raum sinn, datt een dobausse keng Kanner méi rolzen a laachen héiert, an datt si, zënter datt si Whatsapp um Laptop huet, hir Frënn vill manner gesäit, obwuel se all Dag mat hinne schwätzt.
Et spiert een hire Frust, als eng vun de rare Persounen, déi sech weigeren, sech vun engem Smartphone stonnelaang oflenken ze loossen.
Mee et gëtt och Grond vir Optimismus, seet d‘Zadie Smith, well d‘Leit sech ufänken ze wieren an eeben och well verschiddene Länner ugefaangen hunn, d‘sozial Medie méi streng ze reguléieren.
Mat dësem Buch vermëttelt d‘Zadie Smith awer virun allem hir Léift fir Konscht, Literatur an de Film – an dofir eeben och fir d‘Mënschheet selwer.