Zënter den 80er Joren ass de Krasznahorkai a sengem Heemechtsland bekannt. Seng Wierker ginn dacks als postmodern an apokalyptesch, mat staarken Aflëss vu Literaturgréissten wéi dem Frankz Kafka oder dem Samuel Beckett, beschriwwen.
De Literaturnobelpräis ass mat, ëmgerechent, enger Millioun Euro dotéiert. Muer um Freideg gëtt de Friddensnobelpräis bekannt ginn.