Radioen

On air

9 bis 1  |  The Cure - Lovesong

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Xavier Bettel zur Situatioun bei der Caritas: "Et katzt een un"

Caritas Finanzbedruch

Xavier Bettel zur Situatioun bei der Caritas: "Et katzt een un"

An engem Gespréich mat der Press viru senger Aarbechtsvisitt a Jordanie gouf de Xavier Bettel op d'Situatioun ronderëm d'Caritas ugeschwat. De Kooperatiounsminister huet dobäi kloer Wierder fonnt.

auto_stories

1 min

Xavier Bettel | © 	MAE

A engem Pressegespréich um Wee a Jordanie gouf de Xavier Bettel op d’Situatioun bei der Caritas ugeschwat. Nach hätt säi Ministère keen Iwwerbléck, wat dat Alles fir déi Projete bedeit, déi och vum Ministère ënnerstëtzt ginn. Et wier besonnesch komplizéiert, well deels och europäesch Gelder implizéiert sinn.

"Et ass ze frei fir et kënnen ze soen, mee et ass esou eng Sauerei, fir den äermste Leit Suen ewech ze huelen. Ech soen et net gären, mee op gutt Lëtzebuergesch: Et katzt een un." 

Den Aussen - a Kooperatiounsminister Xavier Bettel fänkt den Owend eng Aarbechtsvisitt a Jordanien un. Am Mëttelpunkt vun där Rees sti Visitte vu Campen, an deene palästinensesch a syresch Flüchtlinge liewen.