Radioen

On air

Kultur um 5  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Luc Frieden: D'Regierung op hirer gesamter Aarbecht bewäerten

Ee Joer Regierung Frieden-Bettel

Luc Frieden: D'Regierung op hirer gesamter Aarbecht bewäerten

De 17. November d‘lescht Joer ass d‘Regierung Frieden-Bettel vereedegt ginn. De Sonndeg ass si domat 1 Joer am Amt. Et war e spannend an intensiivt éischt Joer, seet de Premier Luc Frieden. D‘Regierung gouf an där Zäit op eenzelne Mesurë vill kritiséiert. De Luc Frieden fuerdert dofir elo, datt een d‘Regierung éischter op hirer Gesamtpolitik sollt bewäerten, amplaz op eenzelen Decisiounen.

auto_stories

2 min

headphones

20 min

play_arrow

Politik wier ee Ganzt, seet de Luc Frieden. De Premier wënscht sech, datt d’Leit dobaussen net just eenzel Moossname vun der Regierung bewäerten, mee datt d’Zesummenhäng tëscht den Themen erkannt ginn an och, datt d’CSV-DP-Koalitioun ënnert dem Stréch scho vill erreecht hätt.

Dat ëmstriddend Heescheverbuet dat den Inneminister Léon Gloden ëmgesat huet, hat déi éischt puer Méint vun der Regierungsaarbecht dominéiert. Datt dat déi éischt Mesure vun der neier schwaarz-bloer Regierung war, gesäit de Premier elo awer selwer kritesch.

"Et wier sécherlech besser gewiescht, wann dat zesumme gewiescht wier mat enger Rei vun aneren Initiativen, déi an anere Ministèrë gemaach gi wieren, a wann dat net ganz isoléiert do am Ufank gestanen hätt, dat ass sécherlech eppes wat ee réckbléckend anescht gemaach hätt, mee den Inhalt – well ech awer nach eng Kéier soen – war richteg."

"Kee Su méi fir d'Caritas": De Premier géif haut anerscht formuléieren

De Summer war dominéiert vun der Caritas-Affär. De Luc Frieden hat do an enger éischter Reaktioun gesot, datt et kloer wier, datt d‘Caritas keen eenzegen Euro méi vum Staat géif kréien, wat staark Reaktioune provozéiert hat.

Him wier bewosst "datt dee Saz do ganz haart eriwwer komm ass" an hie géif dat haut warscheinlech anescht formuléieren, seet de Luc Freiden. Mee an der Saach wier de Saz richteg gewiescht. Dat hätt näischt mat kalem Häerz ze dinn, mee "mat regéiere mat Häerz a Verstand", sou de Luc Frieden.

"Ech wëll Iech soen, dat do war eng Woch no deem, oder e puer Deeg no deem de Skandal, déi enorm Fraude bekannt gi war. An an deem Moment, wëll ech Iech soen, datt souguer de Generaldirekter, vun Der Caritas gesot huet, an dësem Moment soll och keen en Don maachen un d'Caritas, well et ass alles duercherneen hei."

Dofir wier et richteg gewiescht dee Moment dofir ze suergen, datt d‘Aktiviéite viru ginn a keng staatlech Sue méi un d‘Caritas ze ginn.