Radioen

On air

Notturno  |  Eddie Chacon - Holy Hell

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Xavier Bettel wëllt sech aktiv fir e Waffestëllstand asetzen

Visitt am Noen Osten

Xavier Bettel wëllt sech aktiv fir e Waffestëllstand asetzen

Den Ausseminister Xavier Bettel ass zanter Dënschdegowend fir déi drëtte Kéier dëst Joer op Visitt an Israel an de Palästinensergebidder. Hie sot, hie wéilt sech aktiv fir e Waffestëllstand an der Gazasträif asetzen. An dofir wier et essentiel, mat de Leit um Terrain ze schwätzen.

auto_stories

3 min

headphones

2 min

© Diana Hoffmann play_arrow
Foto: Diana Hoffmann

E Waffestëllstand wier nämlech, esou de Chef vun der Lëtzebuerger Diplomatie, de beschten Depart, fir eng Dynamik ze kréien en vue vum Unerkenne vun engem Palästinenserstaat, vun engem Fridden an der Regioun, a vun enger Zweestaateléisung.

De Xavier Bettel ass gespaant op d'Aussoe vun deenen zwou Säiten: Zu Jerusalem kënnt hien ënner anerem mam israeeleschen Ausseminister Israel Katz an zu Ramallah am Westjordanland mam palästinensesche Premier an Ausseminister Mohamed Mustafa zesummen.

E Fridden a Palästina gëtt d'Sécherheet vun Israel, sot de Lëtzebuerger Ausseminister gëschter um Dënschdegowend am Fliger fir op Tel Aviv. Hie wéilt "och net déi radikal Palästinenserorganisatioun Hamas an d'Hisbollah-Milizen als Noperen hunn", mee d’Kollateralschied vun israeelesche Militäraktioune wiere schwéier ze justifizéieren.

Xavier Bettel: "Ech war ze oft do, fir awer enttäuscht ze sinn"

Negativ wier och d’Decisioun vum israeelesche Parlament fir der UNRWA ze verbidden, vun 2025 un an Israel ze schaffen. Dëst UNO-Hëllefswierk fir palästinensesch Flüchtlingen am Noen Oste wier net ze ersetzen, an et géif keng Alternativ dozou ginn, esou de Xavier Bettel.

"Ech sinn elo ganz éierlech mat Iech: Ech sinn nach ni an de Fliger geklommen, andeems ech voller Hoffnung war, andeems ech gesot hunn: Wa mir elo zeréck sinn, da gëtt et eng Léisung. Well ech si mir bewosst, dass dat fir d’éischt eng israeelesch Regierung muss och wëllen, dass eng palästinensesch Regierung muss och ënnerstëtzen, dass den Hamas net eng Gefor bleift fir Israel."

Fir den Ausseminister wier et wichteg Drock ze maachen. D'Presenz a Véieraegespréicher wieren aktuell "méi wéi opportun"

"Ech wier frou, wa mir zeréckfueren a kéinte soen: 'Hei, mir hu positiv Messagë kritt.' Mee ech war ze oft do, fir awer enttäuscht ze sinn, fir elo hei voller Optimismus dohin ze goen."

Nieft de Gespréicher mat sengen israeeleschen a palästinenseschen Homologe steet ënner anerem nach eng Renconter um Mëttwochmoie mat enger Iwwerliewender Geisel vun der Hamas-Attack op Israel, de 7. Oktober zejoert, um Programm.

Libanon: Héich Afferzuel bei Attacken op Appartementsblock

Bei weideren israeeleschen Attacken an der Gazasträif an am Libanon ginn iwwerdeems héich Afferzuele genannt. An der Gazasträif wiere gëschter um Dënschdeg bal 100 Leit bei enger Attack op en Appartementsblock ëm d'Liewe komm. Déi meescht Affer wiere Kanner a Fraen, esou d'Rettungsekippen op der Plaz. D'USA hunn déi Attack verurteelt.

Iwwerdeems mellt de libaneesesche Gesondheetsministère méi wéi 80 Doudeger bannent 24 Stonne bei israeeleschen Attacken am Osten a Süde vum Libanon.

Lauschterenplay_arrow