Hie verlaangt, datt d’Selbstverdeedegung vun Israel, d’Fräiloossung vun alle Geiselen an d’Verurteelung vun Hamas an Hisbollah musse festgehale ginn. D’Weltleaderen treffe sech e Méindeg an Dënschdeg zu Rio de Janeiro. Theme wéi Klimawandel, ekonomesch Instabilitéit an international Konflikter stinn dobäi am Fokus.
Weider Protester géint Regierung an Israel
Gläichzäiteg ass d’Regierung an Israel selwer ënner Drock. Bei Protester werfen d’Leit dem Premierminister Benjamin Netanjahu vir, hie géif d’Fräiloossung vu Geiselen an der Gazasträif aus politesche Grënn blockéieren. Seng Kritiker:inne soen, hie wëllt seng Ënnerstëtzer:innen an der Koalitioun, déi aus reliéisen Hardliner bestinn, net rose maachen. Déi kéinten e Geisel-Deal als Zeeche vu Schwächt gesinn.
Zousätzlech féiert Israel intensiv Loftugrëff am der Gazasträif a géint d’Hisbollah am Libanon duerch, wärend dës Gruppen ëmmer erëm Attacken op Israel ausféieren. Den Iran gëtt dobäi als Schlësselpartner vun Hamas an Hisbollah ugesinn.