Den US-President Donald Trump huet Hëllef ugefrot fir de Passage vu Schëffer an der Strooss vun Hormus ofzesécheren. D’USA hätten der Ukrain gehollef, sech géint Russland ze verdeedegen, elo wieren anerer um Zuch den USA ze hëllefen, esou den US-President.
Zeréckhalend Positioune wat Ënnerstëtzung ugeet
Et géif driwwer diskutéiert ginn déi europäesch Marine-Operatioun “Aspides” auszebauen, sot de Moien d’EU-Baussebeoptraagt Kaja Kallas. Et misst sech awer nach erausstellen, ob d’EU-Länner dat wëllen.
"Et ass an eisem Interêt, déi Strooss opzehalen, a mir musse kucken, wat mir vun eiser Säit aus maache kënnen."
Esou d’Kaja Kallas, déi der Diskussiounen ënner de 27 Ausseminister:innen net virgräife wollt.
D'Reaktioun vum Xavier Bettel:
"Ech fannen ëmmer speziell, wann ee selwer fir dee ganzen Duerchernee suergt an dann herno seet: Hei, lo mussen déi aner kucken, mir hëllefen ze kommen. (...) Ech wëll just drun erënneren, datt hien och d'NATO zitéiert huet. D'NATO ass den Artikel 5 an ech muss Iech awer just soen, datt den Artikel 5 hei a mengen Aen net applizéierbar ass."
Änlech gesäit dat den däitschen Ausseminister. D’NATO wier hei net zoustänneg, esou de Johan Wadephul. An d’EU bräicht fir d'éischt emol Äntweren op verschidde Froen.
"Wir wollen von Israel und den USA erfahren, wann sie ihre militärische Ziele erzielt haben wollen."
Réischt duerno kéint een iwwer eng Sécherheetsarchitektur an der Regioun schwätzen.
Russland profitéiert vum Krich
Aussoe vum belsche Premier de Weekend hate fir Opreegung gesuergt. De Bart de Wever hat sech fir eng Normaliséierung vun de Relatioune mat Russland ausgeschwat.
Dialog Jo, mee Sanktioune labberen: Op kee Fall, seet dozou de Xavier Bettel.
"D'Sanktiounen ewech huele muss d'Conclusioun si vu Verhandlungen. Et kann net scho sinn, datt mir d'Sanktiounen ewechhuelen, éier mir verhandelen."
Iwwerdeems wier kloer, wien den Ament vum Krich am Noen Osten profitéiert, esou de Lëtzebuerger Chefdiplomat.
"Dee sëtzt zu Moskau Popcorn ze iessen. Dee kritt elo Suen, mam Krich, deen elo am Iran ass. Do fluppt et an der Keess bei deenen a Russland. Gas, Pëtrol, d'Präisser ginn an d'Luucht. De Rubel rullt. A wiem kënne si Merci soen? Deem am Wäissen Haus."
De Xavier Bettel huet och widderholl, datt a sengen Ae mat deem Krich am Noen Osten dat internationaalt Recht mat Féiss getrëppelt géif ginn. Lëtzebuerg misst als klengt Land dru festhalen, datt dat Recht respektéiert gëtt.