arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EU-Ausseministeren eenege sech op Sanktioune géint israeelesch Siidler

Bréissel

|
reading time

2 min

EU-Ausseministeren eenege sech op Sanktioune géint israeelesch Siidler

Den Accord op EU-Niveau ass méiglech ginn, nodeems Ungarn säi Blockage opginn huet. Och Lëtzebuerg war dofir. Decidéiert goufen am Kontext vum russesche Krich an der Ukrain och Sanktioune wéinst der Deportatioun vun ukrainesche Kanner.

reading time

2 min

Xavier Bettel | © MAE
Xavier Bettel (Foto: MAE)

Et gëtt geschat, datt 20.000 ukrainesch Kanner a Russland oder an besate Regioune verschleeft gi sinn.

Am Viséier vun den neien EU-Sanktiounen si Responsabeler fir dee russesche Programm fir d’Deportatioun a fir Zwangsadoptioun vun ukrainesche Kanner. Betraff dovu si 16 Persounen a 7 Institutiounen an Organisatiounen.

D’Sanktioune gesi vir, datt hir Verméigen an der EU agefruer gëtt, déi betraffe Persounen dierfen och net méi an d’EU areesen oder doduerch fueren.

Israeelesch Siidler: Ungarn mécht Accord méiglech

D'Sanktiounen op der anerer Säit géint israeelesch Siidler ware scho méi laang an der Diskussioun. D’Mesurë riichte sech explizit géint d’Gewalt vu radikalen israeelesche Siidler. Well Ungarn sech ënnert sengem neie Regierungschef net méi dogéint stäipt, goufen elo Decisioune geholl. 

Betraff vun neie Sanktioune sinn och Hamas-Leaderen, sou d’EU-Bausseboptragt Kaja Kallas, déi d’Mesure begréisst huet. Domat wier een eraus aus der politescher Sakgaass an där ee laang gestach hätt.

Weider Detailer sollen eréischt bekannt ginn, wann d’Sanktioune formell am Laf vun de nächste Wochen adoptéiert ginn. 

De Lëtzebuerger Ausseminister Xavier Bettel (DP) hat sech virun der Reunioun dofir ausgeschwat, Mesurë géint israeelesch Siidler ze huelen.

Keen Accord iwwert Suspensioun vun Deeler vum EU-Israel-Accord

Verschidde Länner geet dat awer net duer, si wëllen och een Deel vum Accord, deen d’EU mat Israel huet, op Äis leeën. Dofir louchen awer haut nach keng konkret Proposen um Dësch

“Eng Partie Memberlänner wollte méi wäit goen, anerer net”, sou dozou d’EU-Chefdiplomatin. Si wier frou, datt et haut méiglech war, sech eens ze ginn.

Déi entspriechend Propose fir den Handels-Deel vum Associatiouns-Accord mat Israel ze suspendéieren, géif net an hire Kompetenzberäich falen, präziséiert d’Kaja Kallas.

Si hätt d’Demande viruginn. Elo wiert et um EU-Kommissär, dee fir den Handel zoustänneg ass, eng Proposen ze formuléieren. 

 Onkloer ass den Ament, ob et dofir ënnert de Memberlänner déi néideg Majoritéit gëtt.