Just e klengen Deel vun den Aktivitéite ka vun aneren Acteure fir op d'mannst e puer Méint iwwerholl ginn. Den Ausseministère kuckt nach, ob aner Partner asprange kënnen.
De Xavier Bettel sot eis gëscht Owend, et wier awer nach net definitiv kloer, wat dobäi erauskënnt. Hien huet och hei um 100,7 héieren, datt den internationale Service vun der Caritas d'Aktivitéite gär weidergefouert hätt. Mee de Vertrieder vun der Caritas, de President vum Krisecomité, hätt scho méi laang ze verstoe ginn, datt een déi international Aktivitéiten net wéilt viruféieren.
"Mir haten een Uspriechpartner, Vertrieder vun der Caritas, den Här Billon. Ech hat just eng Reunioun mat him, soss meng Beamten. Do war scho viru Woche kloer, datt keen Interêt wier, fir déi international Aktivitéiten."