arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Xavier Bettel: “Eng Wafferou ass dréngend néideg” 

Noen Osten 

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Xavier Bettel: “Eng Wafferou ass dréngend néideg” 

Lëtzebuerg hat sech um Méindeg engem Appell ugeschloss fir Israel dozou opzefuerderen de Krich direkt ze stoppen. Israel huet dësen ofgeleent. D’Fuerderung ass dem israeeleschen Ausseministère no, vun der Realitéit deconnectéiert a géif dee falsche Message un d‘Hamas ginn.

 

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
© picture alliance/dpa | Marwan Naamani
(Foto: picture alliance/dpa | Marwan Naamani)

Den DP-Ausseminister Xavier Bettel betount am 100,7-Interview, datt et trotzdeem wichteg wier weider Drock op déi israeelesch Regierung ze maachen. 

USA hätten dee gréisste Poids 

D’Initiativ vum Schreiwes ass vu Groussbritannie geholl ginn. Am Bréif fuerderen 28 Länner en imminent Enn vum Krich an der Gazasträif, esou wéi d’Befreiung vun den israeelesche Geiselen.

“A mir hunn dat dës Woch mat ënnerstëtzt. Ob et elo vun Israel nogelauschtert gëtt, ass eng aner Saach. Mee et sinn awer ëmmer méi Länner, déi soen: Elo geet et duer.”

Fir den Ausseminister misst ee sech awer och bewosst sinn, datt d’USA am meeschte bewierke kéinten, wat de Konflikt ubelaangt. D’USA géifen den Ament awer net vill Wëlle weisen, fir eng Wafferou mat Israel ze verhandelen.

Enn des Mounts solle sech d’UNO Memberstaaten zu New York treffe fir iwwer eng méiglech Zwee-Staate-Léisung ze diskutéieren. D’Konferenz wier awer eigentlech eng Preparatioun op d’UNO-Generalversammlung am September.

Hamas ass keng Regierung

Et sollen nämlech eng Partie Engagementer vu Palästina geholl gi sinn, fir d’Unerkennung vu Palästina ze erméiglechen. Beispillsweis wier mam franséischen Ausseminister Rieds iwwer Neiwalen a Palästina an e Staat ouni d’Hamas gewiescht, esou nach de Xavier Bettel. 

Wat de Krich selwer ubelaangt, misst een de Konflikt aus verschiddene Bléckwénkele betruechten. D’Hamas wier net d’Regierung an esouguer d’Palästinenser géife géint d’Hamas demonstréieren.

Op der anerer Säit hätt een déi Israeelesch Regierung, déi net bereetwëlleg géif schénge fir op de Fridden hinzeschaffen. Tel Aviv géif éischter op politeschem Niveau iwwerleeën an net op humanitärem Niveau, esou nach de Xavier Bettel.

play_arrow Lauschteren