Israel wëllt sech elo nees un d’Wafferou halen. D’Bente Scheller déi sech bei der däitscher Heinrich Böll Stëftung mam Noen Osten ausernee sëtzt, seet et wier ze hoffen, datt dat elo och unhält. Ouni Wafferou gëtt ënner anerem déi humanitär Versuergung schwiereg.
"Mir hu vergiess, datt humanitär Hëllef ee Recht ass"
D’humanitär Hëllef kënnt net esou effikass an d’Gazasträif, wéi se dat sollt. Och do gesäit et esou aus, wéi wann déi israeelesch Regierung dës Liwwerung u Konditioune knäppt, wat eigentlech net dierft sinn, kritiséiert d’Bente Scheller.
"Da haben wir ja alle schonn gradezu vergessen, dass humanitäre Hilfe ein Recht ist."
Nieft der Hamas gëtt et an der Gazasträif och aner arméiert Gruppen, tëschent deene gekämpft gëtt. Ënner anerem schaffen déi mam islamisteschen Dschihad oder och mat Israel zesummen. Datt den Donald Trump der Hamas et iwwerléisst, géint déi Gruppe virzegoen, wier keng gutt Konstellatioun, esou der Bente Scheller hir Aschätzung.
“Gestern sind israelische Soldaten getötet worden. Es sind dann aber auch wiederum 40 Palästinenserinnen und Palästinenser bei den darauffolgenden Bombenangriffen gestorben. Also das Leid setzt sich fort.”
Et brauch weider internationalen Drock
Zum Plang deen den Donald Trump proposéiert huet gehéiert iwwerdeems, datt der Hamas hir Waffen a Muecht entzu ginn. Datt eng Rei palästinensesch Technokrate regéiere soll, géif och net wierklech viru goen.
Et bräicht staarkt internationaalt Engagement, fir datt de Plang komplett ëmgesat gëtt a schlussendlech zu gerechtem Fridde féiere kann.
D’Lag an der Gazasträif bleift oniwwersiichtlech. Westlech Journaliste ginn nach ëmmer net eragelooss. Bei der Attack um Sonndeg sinn och lokal Journalisten ëm d’Liewe komm. Déi Situatioun mécht eng onofhängeg Aschätzung schwiereg, esou d’Bente Scheller.