Si confirméiert domat en Artikel aus dem “Lëtzebuerger Land”, datt den Ausseminister Xavier Bettel plangt, dem Ministerrot ënner Ëmstänn nach virum Enn vum Joer eng Propos virzeleeën.
Op Initiativ hi vun déi gréng gouf dee Punkt nach op den Ordre du jour vun der Chamberkommissioun gesat.
Den Ament just eng Iddi
De Xavier Bettel huet do betount, datt eng Ambassade an Israel eng vun de ville Piste wier, déi een hätt. Eng aner Pist wier een Ambassadeur oder eng Ambassadrice non-résident, oder nach eng Unerkennung vun engem Kooperatiounsbüro sinn.
„Ech sinn amgaangen, just ze kucken, wat déi verschidden Optioune sinn, an do muss ech iergendeen hunn, deen dat gehéiert huet, dee sech sou driwwer gefreet huet, datt en dat der Press huet missen zielen.“
Et wier den Ament eng Iddi, betount de Xavier Bettel. Hie wier iwwerrascht, déi dann an der Zeitung erëmfonnt ze hunn.
Sam Tanson: Mir hoffen op néidegt Fangerspëtzegefill
Fir d’Sam Tanson stelle sech do awer eng ganz Rëtsch Froen, well Israel villes gemaach hätt, wat d’Lëtzebuerger Regierung condamnéiert hätt.
“Mir begréissen d’Iddi, fir zu Ramallah eng Presenz ze hunn. Déi ass momentan effektiv gebonnen drun, datt een dann och misst eng Presenz zu Tel Aviv hunn. Mee mir hoffe wierklech, datt do mat der néideger Virsiicht an dem néidege Fangerspëtzegefill un deen Dossier erugaange gëtt.”
Net, datt dat vun Israel géif gebraucht ginn, fir ze soen, kuckt, déi maachen als Grënnungsmember vun der EU eng Ambassade hei op. An den Ae vum Sam Tanson wier et de falsche Moment dofir.