Den CSV-Deputéierten Max Hengel ass am Alter vu 47 Joer u Kriibs gestuerwen. Dat huet den CSV-Fraktiounschef Marc Spautz dem radio 100,7 op Nofro hi confirméiert. De Max Hengel war bekannt dofir, oppen iwwert seng Krankheet ze schwätzen.
De Max Hengel souz zënter 2022 fir déi chrëschtlech sozial Partei um Krautmaart. Fir d'éischt war hien nogeréckelt, mee gouf bei de leschte Walen als Deputéierte confirméiert. De Max Hengel war awer och Buergermeeschter vun der Gemeng Wuermer. Zënter Juli 2023 war hien erëm op deem Posten, nodeems hien e schonn tëschent 2017 an 2020 hat.
Viru senger Deputéiertenzäit huet de Max Hengel laang Joren an der CSV-Fraktioun geschafft.
Nächstgewielten op der CSV-Lëscht am Osten ass de Ricardo Marques vun Iechternach.