arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Wolodymyr Selenskyj: Ukrain braucht Sécherheetsgarantien

Ukrainkrich

|
headphones

1 min

Wolodymyr Selenskyj: Ukrain braucht Sécherheetsgarantien

E puer Stonnen, ier hien am fréien Owend am Wäissen Haus mam US-President Donald Trump zesummekënnt, huet den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj widderholl, datt Russland net fir d’Invasioun vu sengem Land dierft belount ginn.

headphones

1 min

© European Council
(Foto: European Council)

D'Ukrain bräicht donierft US-amerikanesch Sécherheetsgarantië a géint Russland sollt e Fridden duerch Gewalt geschafe ginn.

Donieft géifen d’russesch Ugrëff op d’Ukrain, déi weiderginn, d’diplomatesch Efforen onnëtz maachen. Am Virfeld vun der neier Renconter Trump-Selenskyj zu Washington huet den amerikanesche President iwwerdeems Drock gemaach op säin ukrainesche Gaascht: Engersäits kéint d’Ukrain de Krich direkt op en Enn bréngen oder weider kämpfen, anerersäits sollt d’Ukrain der NATO net bäitrieden an d’Krim-Hallefinsel net erëmkréien.