arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fuerderung fir Laangstreckerakéiten un d'Ukrain ze liwweren

Brittesche Premier

|
headphones

1 min

Fuerderung fir Laangstreckerakéiten un d'Ukrain ze liwweren

Dem brittesche Premier Keir Starmer no kéint ee méi maachen fir d'Ukrain ze ënnerstëtzen. Dat sot hie virun den Diskussioune vun der sougenannter „Koalitioun vun de Wëllegen“.

headphones

1 min

© EPA/LUDOVIC MARIN / POOL MAXPPP OUT
(Foto: EPA/LUDOVIC MARIN / POOL MAXPPP OUT)

Do virdrun hat de Keir Starmer den ukrainesche President Wolodymyr Selenskij a sengem Amtssëtz zu London empfaangen.

De Keir Starmer huet säi Land als enksten Alliéierten an Ënnerstëtzer vun der Ukrain beschriwwen. Bei der Sëtzung vun der Koalitioun vun de Wëllegen ass de Lëtzebuerger Premier Luc Frieden iwwert Video zougeschalt.