Radioen

On air

Tockcity  |  World News - Smoke an Angel

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Wikileaks-Grënner Julian Assange huet en Accord mat den USA fonnt

Prisong zu London verlooss

Wikileaks-Grënner Julian Assange huet en Accord mat den USA fonnt

De Wikileaks-Grënner Julian Assange huet de Prisong zu London a Groussbritannie verlooss. Hien huet en Accord mam amerikanesche Justizministère fonnt fir sech zum Deel schëlleg ze erklären an domat eng weider Prisongsstrof an den USA ze evitéieren. Dat geet aus Geriichtsdokumenter ervir, déi hënt verëffentlecht goufen.

auto_stories

1 min

headphones

2 min

Julian Assange | © Wikimedia Commons play_arrow
Foto: Wikimedia Commons

Deen 52-Joer ale Julian Assange soll den Owend eiser Zäit virun engem Geriicht op de Marianen-Inselen, engem US-Aussegebitt, erschéngen, fir den Accord ze finaliséieren. Duerno soll hien zeréck a säin Heemechtsland Australie reesen.

De Julian Assange war déi lescht fënnef Joer zu London am Prisong. Hien huet vun do aus géint eng Ausliwwerung un d'USA gekämpft, wou hie liewenslängleche Prisong riskéiert huet. Hie gouf vun den USA gesicht nodeems Wikileaks geheim Dokumenter vun den US-Militärasätz am Afghanistan an am Irak verëffentlecht hat.

Lauschterenplay_arrow