Zejoert war all 69. Mënsch weltwäit op der Flucht. Et ass alt nees e Rekordwäert. Zanter 2014 klëmmt d’Unzuel u Mënschen déi aus hirer Heemecht musse flüchten, konstant. 40 Prozent vun deene Betraffenen si Kanner. 2 Millioune Kanner sinn zanter 2018 als Refugié gebuer ginn.
Ëmmer méi Leit flüchte virun de Follge vum Klimawandel
Als Haaptgrënn wisou d’Leit hir Heemecht verloossen, nennt UNHCR Verfollgung, Konflikter a Mënscherechtsverletzungen. Och d’Follge vum Klimawandel suergen dofir, datt Leit opgrond vun undauernder Dréchent oder schlëmmen Naturkatastrophen hirt Doheem musse verloossen.
Och bewaffe Konflikter huelen zou; eleng duerch de Biergerkrich am Sudan hunn an Tëschenzäit iwwer 10 Millioune Mënsche missen hir Heemecht verloossen. Duerch de Krich an der Gazasträif hunn zejoert 75 Prozent vun de Palästinenser:innen hir Heemecht misse verloossen.
Nëmmen eng Minoritéit flücht an de Globalen Norden
D’Majoritéit vun de Verdriwwene sicht, onofhängeg vum Ausléiser fir d’Flucht, hire Refuge net am Globalen Norden. Bal 70 vun deenen 117 Millioune Mënsche sichen Zouflucht an hirem Hierkonftsland. A 75 Prozent vun de Refugiéë gi vu méi aarme Länner, dacks de Nopeschlänner, opgeholl.
Déi meeschte Refugiéë weltwäit kommen aus Afghanistan oder Syrien, direkt virun der Ukrain a Venezuela. Am meeschten opgeholl huet den Iran an d’Tierkei, mat wäit iwwer 3 Millioune Flüchtlingen. Knapp hannendru kënnt Kolumbien an dann Däitschland, mat 2.6 Millioune Mënschen, déi do ee Refuge fonnt hunn.
681 Mënsche kruten zu Lëtzebuerg de Statut vum Refugié
Dëst Joer hunn zu Lëtzebuerg bis ewell bal 600 Mënschen eng Demande de Protection agereecht. Domat si just déi Leit gezielt, déi eng offiziell Demande bei der Immigratiounsdirektioun agereecht hunn.
Déi meeschte Leit, déi zu Lëtzebuerg internationale Schutz ufroen, kommen aus Eritrea a Syrien. Zejoert krute 681 Mënschen de Statut vum Refugié zu Lëtzebuerg unerkannt. Eng Zuel déi zanter 2019 net méi esou niddereg war.