Radioen

On air

Moiesstudio  |  Wéi geet een entspaant an d'Pensioun?

play_arrow Live
search

/ Welt-Aids-Dag: Kee reelle Réckgang vun den Infizéierungen zu Lëtzebuerg

Santé

Welt-Aids-Dag: Kee reelle Réckgang vun den Infizéierungen zu Lëtzebuerg

Haut um 1. Dezember ass de Welt-Aids-Dag. Zu Lëtzebuerg goufen et an de leschte Jore Fortschrëtter bei den Traitementer an dem Depistage. Mee zejoert goufen zu Lëtzebuerg 121 zousätzlech Persoune wéinst enger HIV-Infizéierung gefleegt. Dat geet aus dem Rapport 2023 vum Comité de Surveillance du Sida ervir.

auto_stories

3 min

headphones

2 min

© picture alliance / Panama Pictures | Christoph Hardt play_arrow
Foto: picture alliance / Panama Pictures | Christoph Hardt

Haut um 1. Dezember um Aids-Weltdag steet fir d’UNO de Respekt vun de Mënscherechter am Mëttelpunkt. Weltwäit liewe ronn 40 Millioune Mënschen, déi HIV-positiv sinn. 23 Prozent vun hinnen hu keen Zougang zu Traitementer.

Fir d’AIDS Epidemie bis 2030 weltwäit kënnen aus ze radéieren, huet d’UNO-Aids-Agence sech d’Objektiv 95-95-95 gesat.

Do geet et drëm, 95 Prozent vun de Persounen ze diagnostizéieren, 95 Prozent vun deene Concernéierten een Traitement ze garantéieren, an ze erreechen, datt 95 Prozent vun deene Patienten eng ganz niddereg viral Charge nach hunn, déi eng Transmissioun vum Virus kéint verhënneren.

Kee reelle Réckgang vun den Infizéierungen

Zejoert goufen 53 nei Fäll vun HIV-Infizéierung zu Lëtzebuerg diagnostizéiert, fir déi aner 68 Persounen, déi zejoert an d’medezinesch Fleeg nei integréiert goufen, war d’Infizéierung virdru scho bekannt. Am ganze waren et 49 Fäll vun neien HIV-Infizéierunge, manner ewéi nach 2022.

Allerdéngs gouf et 2020 an 2021 manner Depistage wéinst der Pandemie, sou datt d’Zuel vun den neie registréierte Fäll 2022 bal explodéiert ass. Et kann een also net vun engem reelle Réckgang bei den Infizéierungen ausgoen.

Déi Jore virun der Pandemie louch d’Zuel vun de neien Infektiounen um selwechten Niveau ewéi zejoert.

6 Ustiechunge bei Drogekonsumenten

Am grousse ganze gouf et lescht Joer ënnert deenen 53 Infizéierungen, déi nei diagnostizéiert goufen, 20 Fäll bei heterosexuelle Relatiounen. Déi meescht dovunner an der Alterstranche tëscht 26 a 54 Joer. An der Alterstranche tëscht 20 a 25 Joer dominéieren déi homosexuell Relatiounen, déi am ganzen d’Hallschent vun de Fäll duerstellen. Et goufen och 6 Ustiechunge bei Drogekonsumenten.

26 Prozent vun den neie Fäll zu Lëtzebuerg betreffe Fraen.

D'Wichtegkeet vun de Präventiounscampagnë

Fortschrëtter gouf et zu Lëtzebuerg wat d’Objektiver vun der UNO ugeet. Den Aidscomité geet dovunner aus, datt zu Lëtzebuerg ronn 1.700 Persoune liewen, déi HIV-positiv sinn. Vun deene wiere 85 Prozent diagnostizéiert ginn, déi zu 89 Prozent een Traitement anhuelen. 95 Prozent vun hinnen hätten eng ganz niddereg viral Charge.

D’Santésdirektioun wëllt och weiderhi Präventiounscampagnë féieren iwwert dräi Thematiken: D’Systematescht Notze vu Kondomer, fir sexuell iwwerdrobar Krankheeten ze evitéieren oder ongewollt Schwangerschaften ze verhënneren. Weider geet et drëms den Depistage nach ze verstäerken. An den drëtte Schwéierpunkt sinn déi präventiv Anti-Rétro-viral Traitementer, déi een an der Urgence bannent 72 Stonnen no engem Risikoverhale kann anhuelen, oder éier ee riskant sexuell Praxissen huet. Nom Motto: Eng Pëll anhuelen amplaz ee Risiko agoen.

Lauschterenplay_arrow