D‘Regierung huet dowéinst d‘Fluggesellschafte gefrot, vu muer, Freideg, un, 10 Prozent vun hire Flich op 40 amerikanesche Flughäfe bis op Weideres ze sträichen.
De Shutdown ass dee längste jeemools an den USA an elo a sengem 37. Dag. Wéinst dem Blockage vum Budget goufe vill staatlech Servicer reduzéiert oder suspendéiert.
Honnertdausende Beamten, dorënner d‘Fluchkontrolleren, kréien den Ament kee Salaire bezuelt.