arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Wéinst Spezialgesetz: Frankräich ka weider Paie bezuelen a Steieren erhiewen

Budget a Frankräich

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Wéinst Spezialgesetz: Frankräich ka weider Paie bezuelen a Steieren erhiewen

Well et keng Eenegung beim Staatsbudget a Frankräich gouf, huet d'Regierung missen e Spezialgesetz op de Wee bréngen, fir d'Finanze vum Land um Lafen ze halen. Gëschter um Dënschdegowend huet d'Parlament dëst Gesetz ouni Géigestëmmen ugeholl. Bis Enn Januar soll elo e Kompromëss stoen.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Just e puer Parteien a Politiker:inne hu sech gëschter enthalen, mee keen huet géint d’Loi spéciale vun der Regierung gestëmmt.

Dëst Gesetz erlaabt et Frankräich och nom 31. Dezember Steieren ze erhiewen, Paien ze bezuelen a Suen ze léinen.

Dëse Schratt war néideg ginn, nodeems leschte Freideg keen Accord beim Staatsbudget konnt fonnt ginn.

Premier Lecornu wëllt bis Januar de Budget stoen hunn

De Finanzminister Roland Lescure huet gëschter um Dënschdeg an der Assemblée nach eemol ënnerstrach, datt dëst Gesetz awer keen Ersatz fir de Budget ass, mee just eng Noutléisung.

De Premier Sébastien Lecornu huet sech um Owend zefridde gewisen a sot an enger Televisiounsusprooch, datt ee bis Enn Januar e Budget wéilt hunn. Dat wier awer just mat engem Kompromëss méiglech.

Hien huet och fënnef Haaptsujete genannt, op déi ee sech elo fokusséiere wëllt: de Logement, d’Landwirtschaft, d’Iwwerséigebidder, d’Gemengen an d’Recherche.

Net op Artikel 49.3 zeréckgräifen

D’Ministesch vun de Comptes Publics, d’Amélie de Montchalin, war gëschter Owend Invitée op France 2 a sot si géing dru gleewen, datt een net op den Artikel 49.3 muss zeréckgräifen, mee e Kompromëss kéint fannen.

Ufank Januar wäert de Budgetstext nees an d’Assemblée kommen an hei diskutéiert ginn.

play_arrow Lauschteren