D‘Boeing 747, déi op Johannesburg a Südafrika sollt fléien, hätt deemno scho beim Start e Schued un enger Turbinn gemellt, a wier kuerz no hirem Depart nees ëmgedréint.
Dës Prozedur fir Kerosin ofzeloosse gëtt "Fuel dumping" genannt, a muss gemaach ginn, fir datt de Fliger kuerz nom Start nees lande kann. Anerwäerts wier d'Maschinn ze schwéier. Dësen Oflaf steet awer reegelméisseg och an der Kritik.