Bei den indirekte Gespréicher tëschent Israel an der Hamas vermëttelen d'USA, de Katar an Ägypten. Tëschent béide Positioune géifen et nach riseg Lächer ginn, heescht et aus dem Ëmfeld vun de Gespréicher.
Iwwerdeems hunn hënt militant jüddesch Siidler en Duerf am besate Westjordanland ugegraff an dobäi ee Palästinenser ëmbruecht. Si hätte 4 Haiser a Brand gestach. Déi israeelesch Sécherheetskräfte wieren intervenéiert an hätten d'Siidler verdriwwen.
D'Pressestell vum israeelesche Premier Benjamin Nethanjahu huet verséchert, d'Virfäll wëllen ze ënnersichen an déi Schëlleg viru Gericht ze bréngen.
Zu Tel Aviv goufen et iwwerdeems erëm Manifestatioune vu Famille vun den israeelesche Geiselen, déi weiderhin an den Hänn vun de Palästinenser sinn. Si hunn op en Neits un d'Regierung appelléiert, séier zu engem Accord ze kommen, esou datt d'Geisele fräikommen.