Radioen

On air

De Weekend  |  Saya Gray - Shell (of a man)

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Weideren Tëschefall mat enger Boeing: Turbinn verléiert Verkleedung

Fliger konnt rëm sécher landen

Weideren Tëschefall mat enger Boeing: Turbinn verléiert Verkleedung

Beim amerikanesche Fligerkonstrukteur Boeing gouf et schonn nees een Tëschefall. Eng Boeing 737-800 huet beim Start een Deel vun der Verkleedung vun enger Turbinn verluer.

auto_stories

1 min

© Foto: Global Panorama / Flickr
Foto: Global Panorama / Flickr

De Fliger vun der amerikanescher Gesellschaft Southwest Airlines ass an der Loft ëmgedréint a sécher um Fluchhafen zu Denver gelant, wou e gestart war. Eng Enquête gëtt gemaach.

Bei Boeing hat et an der Lescht e puer Mol Tëschefäll ginn. Ënner anerem war am Januar bei engem 727 Max eng Dier wärend dem Vol erausgefall. Boeing muss eng ganz Partie vun deene Fligere weider um Buedem loossen a steet ënnert verstäerkter Kontroll vun der US Aviatiouns-Kontroll-Instanz FAA.