Radioen

On air

Kultur um 5  |  D'Uropféierung vum Wierk "Imbalance"

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gesondheetsministère passt Programm vum medezinesche Cannabis un

Santé

Gesondheetsministère passt Programm vum medezinesche Cannabis un

De Gesondheetsministère huet de Programm vum medezinesche Cannabis ugepasst. Dës Ännerunge betreffen d'Doséierung: D'Maximalquantitéit fir 28 Deeg geet vun 100 Gramm op 60 Gramm erof an THC-räich Bléie gi geschwënn net méi verschriwwen.

auto_stories

1 min

Dat schreift de Gesondheetsministère an engem Communiqué. D'Patiente kënnen awer nach ëmmer THC-Extrakter an Uelegform benotzen, déi méi liicht ze doséiere sinn.

D'Ännerunge gëlle vum 1. Januar un.

D'Patienten hu bis Enn Januar Zäit fir hir Therapie unzepassen.

Zënter Februar 2019 kënnen Doktere Cannabis fir Patiente verschreiwen, déi ënner chronescher Péng oder Spasme leiden.