arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Weider Verhandlungen iwwer Wafferou

Noen Osten 

|
reading time

1 min

Weider Verhandlungen iwwer Wafferou

Israel schéckt um Sonndeg eng Delegatioun an de Katar fir indirekt Gespréicher mat der Hamas iwwert eng méiglech Wafferou vu 60 Deeg an der Gazasträif an d’Fräiloossung vu Geiselen. 

reading time

1 min

Benjamin Netanyahu | © picture alliance/dpa | Bernd von Jutrczenka
Benjamin Netanyahu (Foto: picture alliance/dpa | Bernd von Jutrczenka)

D‘Hamas hätt zwar Ännerunge gefuerdert, déi Israel neta kzeptéiere kéint, mee Israel wier trotzdeem bereet ze verhandelen, esou d eBüro vum israeelesche Premier Benjamin Netanyahu. 

D‘Hamas géif, engem palästinenseschen Offiziellen no, ënner anerem eng Garantie vun Israel fuerderen, datt och no enger Wafferou vu 60 Deeg keng nei Attacke méi géife lancéiert ginn, wa weider Verhandlungen iwwert e permanente Waffestëllstand net géife viru kommen.

Den israeelesche Premier Netanyahu soll um Méindeg zu Washington den Donald Trump begéinen. Den amerikanesche President sot hie géif en Accord an de nächsten Deeg fir méiglech halen.