Radioen

On air

Notturno  |  Mega Bog - Love Is Feat. Westerman

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Weider Verhandlungen iwwer limitéiert Wafferou an der Ukrain

Gespréicher zu Riad

Weider Verhandlungen iwwer limitéiert Wafferou an der Ukrain

D'Efforte fir eng Wafferou am russeschen Ugrëffskrich acceleréiere sech. Nach haut sollen zu Riad a Saudi-Arabien weider Verhandlungen tëschent der Ukrain an den USA iwwert eng méiglech Wafferou sinn. Dat mellt déi franséisch Presseagence mat Verweis op déi ukrainesch Delegatioun.

auto_stories

1 min

Gëschter, Sonndeg, haten d'USA scho mat der Ukrain verhandelt. Kiew sot d'Gespréicher wiere produktiv gewiescht. 

Et géif een elo d‘Resultater vun de Verhandlungen haut tëschent den USA a Russland och zu Riad, ofwaarden, esou déi selwecht Source. Déi Verhandlunge géifen de Fokus op eng Waffepaus am schwaarze Mier leeën, esou eng Parti Medien, mat Verweis op Moskau. Um Dësch läit den Ament eng Propos fir d‘Attacken op Energie-Zentralen an aner Infrastrukturen ze stoppen. Um Terrain ginn d‘Ugrëff iwwerdeems weider.