Radioen

On air

Notturno  |  Bill Callahan - The Sing

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Donald Trump annoncéiert Gespréich mam Wladimir Putin

Krich an der Ukrain

Donald Trump annoncéiert Gespréich mam Wladimir Putin

Muer, Dënschdeg, wëllt den Donald Trump mat sengem russeschen Homolog Wladimir Putin schwätzen. Dat sot den US-President der amerikanescher Press um Méindegmoie fréi eiser Zäit.

auto_stories

1 min

Den Donald Trump op enger Pressekonferenz den 7. Februar 2025 | © picture alliance / Consolidated News Photos | Chris Kleponis - CNP
Den Donald Trump op enger Pressekonferenz den 7. Februar 2025 (Foto: picture alliance / Consolidated News Photos | Chris Kleponis - CNP)

An Diskussioune mat Russland an der Ukrain géif et ëm, "Partagë vu Verméigenswäerter" wéi Land a Kraaftwierker goen, sou den Donald Trump. D’lescht Woch hate sech d’USA an d’Ukrain jo a Saudi-Arabien op eng Wafferou vun engem Mount an der Ukrain gëeenegt.

De Kreml confirméiert, datt de russesche President Wladimir Putin an den Donald Trump muer telefonéiere soll. Russland huet déi proposéiert Wafferou vun 30 Deeg nach net acceptéiert. Den Donald Trump mengt, d'Chance fir een Deal ze fannen wiere gutt.

D‘Ukrain an hir europäesch Alliéiert fäerten, datt den Donald Trump ee Fridden erzwénge wëll, dee Russland bevirdeelegt.