Radioen

On air

Notturno  |  Chris Cohen - Night Or Day

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Wéi sécher ass e Wandertour am Mëllerdall?

Ee Joer nom déidlechen Accident

Wéi sécher ass e Wandertour am Mëllerdall?

D'lescht Joer am Juli ass am Mëllerdall en néng Joer aalt Kand vun enger Fielsplattform erofgefall an nach op der Plaz gestuerwen. De radio 100,7 ass no engem Joer op d'Plaz gefuer an zitt e Bilan. Wat huet sech geännert, a wat net?

auto_stories

4 min

headphones

5 min

Mëllerdall | © Michelle Barthel play_arrow
Foto: Michelle Barthel

Nëmmen 350 Meter vun der Campingsplaz zu Bäerdref fënnt een déi sougenannte "Däiwelsinsel". Dat ass déi Fielsplattform, op där sech dat Accident zejoert zougedroen huet.

Fir op d’Aussiichtsplattform Däiwelsinsel selwer ze kommen, muss een iwwer grouss a rutscheg Steng eropklammen. Uewen ukomm steet een op enger Fielslandschaft. Tëschent deenen decke Steng ginn et schmuel Splécken, iwwer déi d’Kanner gäre sprangen. Et gesäit een net direkt wéi déif et erofgeet, well een ënnen op Bamkroune kuckt.

Hei erënnert näischt méi un dat schrot Accident vun zejoert. De Joé Nilles, Buergermeeschter vu Bäerdref, ka sech awer nach gutt un deen Dag erënneren.

“Et ass ëmmer dramatesch, sou eng Situatioun, wann een ëm d’Liewe kënnt, hei op enger Plaz, wou Leit eigentlech sollen hikommen, fir déi Plaz ze genéissen. Dat ass natierlech dramatesch an nach méi dramatesch, wann et e Kand ass.”

Deemools stoungen op där Plattform keng Warnschëlder an och kee Gelänner fir d’Sécherheet. Dat huet sech och haut net geännert. No dem schroen Accident gouf awer d’Campagne "Däi Bësch - Mäi Bësch" erweidert.

Nei Warnhiweiser, mee kee Gelänner

Bei d'Schëlder, déi schonn do stinn, gouf ënnen drop eng Leescht mat véier Warnhiweiser dobäigesat: Ofstierzgefor, Steeschlaggefor, Rutschgefor a Gefor vun eroffalenden Äscht.

“Mir hunn déi Schëlder hei an der Gemeng iwwerall do opgestallt, wou am Fong e Point de depart vun enger Wanderung ass, sief et hei am Centre Maartbësch, wou déi meescht Leit fortginn, awer och beim grousse Parking beim Amphitheater. Am Fong iwwerall do, wou ee Parking ass.”

Op Däitsch, Franséisch, Hollännesch an Englesch ass op de Schëlder erkläert, wéi ee sech an der Natur verhale soll.

Op d’Fro hin, ob d’Opstelle vun esou Warnschëlder géif duergoen, seet de Buergermeeschter Joé Nilles ganz kloer: Nee.

“E Schëld geet ni duer, wann een net herno iwwerleet an dat Schëld kuckt, a sech dräi Minutten domat auserneesetzt, an dat da seriö hellt an drop oppasst.”

D’lescht Joer nom Accident gouf et virun allem an de sozialen Netzwierker vill Kritik, wisou keng Gelänneren op de geféierleche Plazen installéiert géife ginn. De Joé Nilles bléift awer bei sengen Aussoe vun zejoert.

“Mir sinn en Héichplateau hei zu Bäerdref, wou et ëmmer rëm geféierlech Plaze ginn, wou een och ka eroffalen. Da misste mir dat Gelänner ronderëm zéien, an dat ass ondenkbar, an dat ass och net gewollt vun eis.”

Och den Office Regional du Tourisme, den ORT, deelt déi Usiicht vum Buergermeeschter a wëllt virun allem op d'Sensibiliséierung vun de Leit setzen.

Sech de Gefore bewosst sinn

E Papp mat zwee Jongen an engem Hond hunn hire Wee op d’Däiwelsinsel fonnt a wëlle grad do hir Mëttespaus maachen. Den eelste Jong huet néng Joer, also genee esou al wéi dat Kand, dat virun engem Joer op där Plaz verongléckt ass. D’Famill huet Erfarung an der Natur an de Bouf ass sech de Gefore mat de schmuele Splécke bewosst.

“Ja natürlich. Obwohl das hier sehr dünn ist, man kann da schon drüber springen, aber wenn man einen Ausrutscher macht, dann ist man halt tot, und das ist nicht so toll.”

D’Famill, déi hei Vakanz mécht, wosst näischt vun dem déidlechen Accident. Si ass awer där nämmlechter Meenung wéi de Buergermeeschter, erkläert de Papp.

“Eigentlich ist die Natur ja so schön, wie sie ist und auch hier die Felsformation. Ich würde mir eigentlich wünschen, dass die Menschen mehr Verstand mitbringen und mehr auf die Natur und Umgebung achten und die Gefahrenlage besser einschätzen können. Ich denke, das kann man Kindern von klein auf beibringen und viele Leute haben das einfach nicht mitbekommen und handeln deswegen risikofreudig oder sind sich einfach nicht des Risikos bewusst, das sie eingehend.”

De Bouf huet awer eng Iddi, fir méi kloer op d’Gefor hinzeweisen a déi Leit, déi net sou vill Erfarung hunn, ze warnen: "Aber vielleicht hier ein Schild, wo drauf steht: 'Nicht zu nah rangehen'."

D'Däiwelsinsel ass net wäit ewech vun deem bekannte Wanderwee, dem Mëllerdall-Trail. All Joers komme ronn 200.000 Touristen an de Mëllerdall, fir do ze wanderen.

Deemools goufen de Miess- an Erkennungsdéngscht mat enger Ënnersichung beoptraagt. An der Suite dovunner, a well kee Friemverschëlde konnt festgestallt ginn, hat de Parquet Dikrech decidéiert, den Dossier ze klasséieren. Deemno goufen et keng strofrechtlech Suitten, esou heescht et vun der Justiz.  

Lauschteren